A „Lehn“ an a „Zammer oder Wooner“
„Wooner“ kënnt vun Woonrieder maachen, Een „Zammerer“ war e Schräiner.
A „Lehn“ war eng Donatioun Haus mat Gaart vum Weisgerber Philippe un den Hubert Becker 1895 zu Lampech
Dat zweet Haus an Zammer gouf 1900 gebaut do war Becker-Weber drann, dann d'Famill Jung-Becker, a spéider d'Famill Jung-Nilles.
Nom Doud vum Här Weisgerber Ph. koum eng Woonerei dran, wou d'Famill Becker a Jung geschafft hunn (Titelfoto & Foto 1)
Dat zweet Haus ass 1952 ëmgeännert ginn.
Den Atelier gouf 1993 ofgerappt a vun der Famill Nittler-Schumann nei gebaut. Elo wunnt do d'Famill Louis-Lohest säi 2022 drann (Foto 2)
Der Famill Jung-Nilles hiert Haus ass 2019 ofgerappt ginn. Hiert Meedchen a säi Mann de Vic Schumann-Jung hunn do en neit Haus gebaut a sinn 2022 agezunn (Foto 3)
