Sprache auswählen

Réisseng war eng vun de klenge Siedlungen an der Géigend vun der Mess, déi iwwer d'Joren verschwonnen ass. Haut ass de Begrëff virun allem als Flouernumm erhale bliwwen. D'Réissenger Klaus ass eng lokal Plaz an der Gemeng Reckeng-op-der-Mess. Si läit an der Géigend tëscht Reckeng an Dippech-Gare.

  • 1272: Éischt Erwähnung vum Duerf Russingen
    • 1272: Rëssingen
    • 1282: Rusingen
    • 1717: Russin
    • 1723: Rissingen
    • 1756: Rissing genannt
  • D'Kierch war der Helleger Gottesmamm geweit, soll awer méi al sinn wéi déi vu Reckingen, déi hir Urspréng am 7. Joerhonnert kéint hunn (Helleg Aldegundis). D’Par-Kierch ass als isoléiert Feldkierch bis Enn vum 18. Joerhonnert erhale bliwwen, genee wéi d’Par Rëssingen weider bestoe bliwwen ass. Betteng an Ruedgen sinn nach ëmmer op Rëssingen an d’Kierch gaangen, wou och hire Kierfecht war.
  • 1636: D'Duerf geet duerch d'Pest ënner, d'Kierch bleift awer fir d'éischt wichteg als Mammkierch vun der Par, déi 7 Dierfer ëmfaasst
  • 1714: D'Kierch gëtt als ruinéiert bezeechent
  • Copie du procès-verbal d'une visite en 1717: "Russin. Est aussi une église paroissiale, autour laquelle est le cimetière, appartenant à la paroisse de Betin (Bettange). Le logement et le jardin sont les mêmes que les autres avec leurs obligations; il y a un frère, nommé frère Antoine, agé de 45 ans, qui s’occupe à houer la terre."
  • 1738: D'Kierch déngt als zweet Par-Kierch, muss also renovéiert gi sinn
  • Dat lescht Haus, dat nach stoung, soll un d’Mauer vum Kierfecht gegrenzt hunn, an huet am 18. Joerhonnert engem Eremit gedéngt, deen och d’Kësterdéngschter iwwerholl huet.
  • 1756: D'Kierch soll „toute ruinée“ gewiescht sinn – ausser der Sakristei an eventuell dem Tuerm
  • D’eise Kräiz vun 1901 huet un d’Kierch erënnert bis et ofgebaut gouf
Réissenger Kräiz
Réissenger Kräiz

Quellen: 

  • Verschidden
  • Brochure "100 Joer Reckenger Musék" (1904-2004) [2004]