A Millesch
12A, rue du Ruisseau ![]()
L4499 Limpach
Fréier gouf d'Haus 'a Klenschen' genannt; den Numm koum vum Besëtzer 'Klensch' hier
Den Numm Millesch ( kënnt dohier, well do en Möller dra war.
D'Haus ass no 1800 gebaut gin.
Haut ass et d'Veräinshaus vun de Lampecher Fliichteschëser, déi 1984 vun de Lampecher Leit gegrënnt goufen. D'Fliichteschësser wëllen déi al Gebräicher opliewe loossen.
Den Numm 'Fliichteschëser' ass een ale Spottnumm vun der Ëmgéigend un déi Lampecher, déi fréier matt Fluess gewieft hunn. Wann dat net matt den naassen Fliichten, déi geklappt goufen, geroden ass, war et verschass, dohier deen Numm
1988 krut de Veräin Ställ a Scheier vun der Joffer Schiltz Anna, déi do gewunnt huet, als Ënnerdaach fir hier Saachen ze stellen, geschenkt. Déi hunn e grousse Festsall mat Kichen dra gemaach. Vill fläisseg Männer a Fraen hunn dat onentgeldlech gemaach mat Donen vun de Leit aus dem Duerf an ouni Subside. Haut finanzéieren d'Fliichteschëser sech duerch Manifestiounen wéi Kiermes, Buergbrennen, Mais-labyrinth asw.
E grousse Merci un Joffer Schiltz an un d'Duerfleit vu Lampech
