"Sinn dat Inten an Ärem Logo?"
Dës Fro kréie mir op der Gemeng Reckeng op der Mess nawell oft gestallt. An eiser Gemeng si se besonnech opfälleg, well mir se engersäits an eisem Wopen hunn, anerersäits hu si et och bis an dat offiziellt Logo vun der Administratioun gepackt. Einfachheetshalber äntwere mir do meeschtens „Jo!” ... mee ganz richteg ass dat net. Dir hutt sécher gemierkt, dass eis Inte weder Schniewel nach Patten hunn ... an villäicht och dass et guer keng Inte sinn.
Et handelt sech em „Merletten”, an dësem Fall ëm Sandmerletten: Eng Merlette ass eng Aart gestümmelt Amsel, déi een oft an der Heraldik (d’Woopeléier) als Woopendéier erëmfënnt. Si ass nom Adler dee Vurrel, deen een am meeschten an der mëttelalterlecher Heraldik eremfënnt. D’Merlette ass zanter der Fréizäit vun der Heraldik (ongeféier zanter dem 12. Jorhonnert) an dem franséischen a rheinesche Wappewiese verbreet. Der Legend no dierf d’Merlette just vu Ritter (an hiren Nofolger) aus Auszeechnung benotzt ginn, déi och un de Kräizzich deelgeholl hunn. Se symboliséiert och heiansdo d’Verletzungen, déi ee wärend de Reesen erlidden huet. Se kann de Feind symboliséieren, deen entwéider gefaange gehale gëtt, oder um Schlachtfeld ëmbruecht gouf. Se kann awer och de 4. Bouf an der Throunfolleg symboliséieren.
Mee ewéi gesot: alles just der Legend no. Elo kënnt d’Uertschaft Wickreng an d’Spill. Wickreng gëtt 1222 fir d’alleréischt uerkundlech erwähnt. D’Uertschaft huet e sëlwer Wope mat dräi Sandmerletten a steiert se dem haitege Wope vu Reckeng op der Mess bäi. Déi dräi Merlette staame vum Haus Meysembourg, deen an der historescher Literatur reegelméisseg a Verbindung gesat gëtt mat der „Famille de Vicrange (oder Wickrange)", och nach Hären oder Seigneure genannt. Si hu mat der „Famille de Limpach" an der „Famille de Reckange" zu de bekannteste Famillje gehéiert, déi um Territoire vun der aktueller Gemeng etabléiert waren. D’Verteidegungsanlag samt Waasserbuerg vun den Häre vu Wickreng louch am Scheierdall. Et kann een also dovunner ausgoen, dass dës Famillje selwer Ritter, Kräizzichritter oder Nokomme vu Kräizzichritter waren, déi op der Reess an d’Labrente gerode sinn oder vu Ritter, déi de Géigener um Schlachtfeld ëmbruecht hunn.
Quell: Tessy Glodt, Gilbert Stull, Gemengebuet 3/2020