30 Rue Centrale
L-4499 Limpach
D’Haus muss aus dem fréien 17.Jorhonnert sinn. Leider ass kee geneeën Datum bekannt. Säit dem Enn vum 17.Jh. gëet aus Texter ervir, dass d’Haus dréngent a Stand gesat misst ginn, wat tatsächlech am Joer 1782 eréischt geschitt ass.
Et fällt haut op, dass d’Paschtoueschhaus wäit ewech vun der Kierch steet. Op der Kaart vum Grof De Ferraris (ëm 1778) gesäit een, dass d’Haus eng Kéier direkt nierft der Kierch stoung. D’Kierch ass awer, nodeems si 1773 Affer vun engem staarke Stuerm gi war, ëm 1780 méi wäit ënnen am Duerf nei opgeriicht ginn, wärend d’Paschtoueschhaus säin uersprüngleche Standuert ni verlooss huet (Photo 1).
D’Zehntherren De Tornaco vu Suessem an De Geisen vu Lampech hunn 1780 d’Konstruktioun vun der neier Kierch an 1782 d’Restauratioun vum Paschtoueschhaus garantéiert, verbonn mam ‚Gelübde‘ um Paschtoueschhaus, dass dëst ëmmer am Besëtz vun der Kierch bleiwe misst.
Am 17. an am 18. Jorhonnert hunn d’Paschtéier Kniecht gehal, déi mat hire Familljen souzesoen e Baurebetriib gefouert hunn, wouduerch sech d’Scheier, resp. de Stall lénks als Ubäu um Haapthaus erkläre léist.
No 1948 huet kee Paschtouer méi am Paschtoueschhaus gewunnt. Wärend dam Bäu vun der neier Schoul huet d’Haus awer nach seng Stuff als Unterrichtssall zur Verfügung gestallt als Iwwergangszäit. Sou eng Nouthëllef huet d’Paschtoueschhaus schon ongeféier 200 Joer virdru geleescht, wéi nom Stuerm vun 1773 d’Duerf eng Rei Joren keng Kierch hat, wouduerch regelméisseg am Paschtueschhaus stëll Masse gelies gi waren.
Fir dass d’Haus an d’Hänn vu private Propretäre komme konnt, déi et an der Rei hale konnten, gouf decidéert d’Paschtoueschhaus ze verkafen an domat d’ ‚Gelübde‘ vun 1782 ze briechen.
De Prof. a Paschtouer Paul WEBER aus dem Seminär hat 1972 déi delikat Aufgab, an engem detailléierten Historik ze determinéieren, dass d’Haus definitif vun der Kierchefabrik konnt verkaaft ginn, wat net sou evident war. Vill Kierchenhaiser waren nämlech wärend bzw. no der franséischer Revolutioun verkaaft ginn resp. an de Besëtz vun de Gemenge geroden, wat awer noweislech beim Lampecher Paschtoueschhaus net de Fall war.
D’Famill HUBO huet d’Haus kaaft. De Jong sollt spéider d’Haus iwwerhuelen an seng Schwëster d’Scheier, déi, wéi hei op der Foto ze gesinn ass, ofgerappt gi war fir hei en zweet Eefamilljenhaus kënnen opzeriichten.
Dat heitegt Haus gouf am Joer 2000 nachemol komplett renovéiert.

